De Leonel Antonio Fernández Reyna, gebuer de 26. Dezember 1953 zu Santo Domingo, ass e Jurist a Politiker. Hie war vun 1996 bis 2000 a vun 2004 bis 2012 Staatspresident an der Dominikanescher Republik.

Leonel Fernández
Gebuer 26. Dezember 1953
Santo Domingo
Nationalitéit Dominikanesch Republik
Aktivitéit Politiker, Affekot, Schrëftsteller

Als Kand ass hie mat senger Familljen op New York an d'USA emigréiert, wou hien opgewuess ass. Duerno goung hien nees zeréck an d'Dominikanesch Republik fir Droit ze studéieren.

Hien huet sech dunn och politesch engagéiert a gouf an den 1970er Joren en enke Mataarbechter vum Juan Bosch, dem fréieren dominikanesche Staatspresident, den 1963 duerch ee Militärputsch gestierzt gi war.

Als Kandidat vun der sozialdemokratescher Partido de la Liberación Dominicana (PLD) gouf hien 1996 eng éischt Kéier fir véier Joer zum President vu sengem Land gewielt. De 16. Mee 2004 gouf en op en Neits an dat Amt gewielt, an op den Dag genee 4 Joer duerno erëmgewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Leonel Fernández – Biller, Videoen oder Audiodateien