Leodegar vun Autun

Bëschof vun Autun

De Leodegar vun Autun, och Leodgar, Lutgar, Léger, Leodigar genannt, gebuer ëm 616, a gestuerwen den 2. oder 3. Oktober 678 oder 679, war vu 659 bis 674 Bëschof vun Autun.

Leodegar vun Autun
De Leodegar op enger vun de Glasfënsteren am Chouer vun der St-Léger Kierch zu Orvault
Titel
Titel Abt
Biographie
Gebuer 616 jul.
Bourgogne
Gestuerwen 2. Oktober 678 jul.
Sus-Saint-Léger
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankeräich
Papp Bodilin vun Tréier
Mamm Sigrade vu Soissons
Aktivitéit Schrëftsteller,
Kathoulesche Priister
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Benediktiner
Statut Helleg
Gedenkdag 2. Oktober
De Martyrium vum Leodegar vun Autun aus enger illustréierter Bibel ëm 1200
Statu vum Leodegar an der Kierch vun Tilff

Hie war aus enger nobeler merowengescher Famill a gouf am Palatium vum Clotaire II. groussgezunn, a vu sengem Hallefbrudder, dem Bëschof Dedo vu Poitiers zum Geeschtlechen ausgebilt. Ënner der Herrschaft vum Clotaire III., koum hien op deem säin Haff, wou e groussen Afloss hat.

Am Joer 653 gouf hien Abt am Klouschter Saint-Maixent am Marais Poitevin, a 659 Bëschof vun Autun.

674 gouf hie vum Hausmeier Ebroin gefaange geholl. Hie gouf mat engem Holzbuer geblennt, an duerno op Fécamp an der Normandie verbannt, wou hie schliisslech no engem Prozess, deen dräi Joer gedauert huet, gekäppt gouf.

Hie gouf helleggesprach a gëtt als Märtyrer veréiert.

A Frankräich an an der Belsch hunn e puer Uertschaften de franséischen Numm vum Hellegen.

Duerstellung

änneren

De Leodegar vun Autun gëtt mat den Attributer Buerer a Schwäert duergestallt.

Veréierung

änneren

Dem Leodegar vun Autun  säin Dag ass den 2. Oktober.

Hien ass de Patréiner vum Kanton an der Stad Luzern, vun Autun, Gebweiler / Guebwiller a Murbach am Elsass a vun Wessobrunn an Uewerbayern, grad ewéi fir d'Mëller. E gëtt ugebiet bei Problemer mat den Aen a bei Obsessioun.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Leodegar vun Autun – Biller, Videoen oder Audiodateien