De Lear Jet Observatory war ee vun den éischte fligergestëtzten Observatoire vun der Infraroutastronomie.

Learjet 24, Lear Jet Observatory vun der NASA

An de spéiden 1960er Jore gouf an engem ëmgebaute Learjet 24 fir Observatiounsflich, vun ongeféier enger Stonn, an iwwer 13 km Héicht, en Teleskop mat 30 cm Haaptspigelduerchmiesser bedriwwen. An där Héicht läit e groussen Deel vun der Äerdatmosphär, déi eng Parti Infraroutstralung absorbéiert, ënner dem Observateur. D'Observatiounsbedingunge ware ganz einfach - zum Beispill war den Teleskop op der Plaz vun enger Kabinnefënster montéiert. Trotzdeem war de Lear Jet Observatory e Weebereeder fir spéider Fligerteleskope wéi de KAO an de SOFIA.

Mat dem Lear Jet Observatory gouf ë. a. entdeckt, datt d'Planéite Jupiter a Saturn méi Energie ofstrale wéi si vun der Sonn absorbéieren. Doriwwer eraus goufe Stäregebuertsgebidder a Galaxien ënnersicht.

Um Spaweck änneren

Commons: Learjet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie