Lawasch (arm. լավաշ, pers. لواش, aser. an tierk. lavaş, rus. лаваш) ass eng Zort ongesaiert Fluedebrout, wat absënns an den nërdleche Länner vun Zentralasien, am Südkaukasus an am Iran populär ass.

Lawasch op engem Maart zu Eriwan

Traditionell gëtt den Deeg flaach gerullt an un d'gliddeg Mauer vun engem Tounuewe gepecht.

Frësch gebakent Lawasch kann een nach formen, et dréchent awer séier a gëtt da knuspreg. Dowéinst gëtt frëscht Lawasch och geholl fir Sandwichen ze maachen oder fir klenggeschniddent Grillfleesch anzerullen. Dat dréchent Lawasch hält sech relativ laang a gëtt och als Hostie an der Armeenescher Kierch gebraucht.

Um Spaweck änneren

Commons: Lawasch – Biller, Videoen oder Audiodateien