De Laurent Schonckert, gebuer de 25. Februar 1958 ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Manager vum Cactus-Groupe.[2]

Laurent Schonckert
Gebuer 25. Februar 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Manager
Veräin/Ekipp Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Berufflech Karriär änneren

De Laurent Schonckert huet zu Nanzeg Droit an Ekonomie studéiert. No engem Stage,1984, huet hie beim Groupe Cactus ugefaange mat schaffen. Do gouf hien 2001 Administrateur-Directeur. Hien ass och Vizepresident vun der Confédération luxembourgeoise du commerce (CLC).[3]

Sportlech Karriär änneren

Tëscht dem 13. Oktober 1984 am 11. November 1987 huet de Laurent Schonckert 18-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Vun 1979 bis 1992 huet de Laurent Schonckert fir d'Union Lëtzebuerg gespillt.[5]

Referenzen änneren

  1. De Laurent Schonckert op der Websäit Weltfussball.de
  2. Portrait vum Laurent Schonckert um Site paperjam.lu
  3. " Cactus: Eng Milliard Ëmsaz als Ziel." Interview mam Laurent Schonckert an der Emissioun Riicht eraus, 100komma7.lu, 18. Feb 2017 - 15:45.
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vuim Laurent Schonckert op der Websäit vun European Football
  5. De Laurent Schonckert op der Websäit vun National Football Teams