Laura Chinchilla

costaricanesch Politologin, Juristin a Politikerin

D'Laura Chinchilla Miranda, gebuer den 28. Mäerz 1959 zu San José, ass eng costaricanesch Politologin, Affekotin a Politikerin.

D'Laura Chinchilla

Si gouf de 7. Februar 2010 zur Presidentin vu Costa-Rica gewielt, a war dat offiziell vum 8. Mee 2010 bis den 8. Mee 2014.

Si ass Member vun der Partei PLN. Wéi dës 2006 mam Óscar Arias d'Presidentschaftswale gewonnen hat, gouf d'Laura Chinchilla 1. Vizepresidentin. Den 8. Oktober 2008 gouf si Kandidatin vun hirer Partei fir d'Nofolleg vum Arias.

D'Laura Chinchilla ass bestuet a Mamm vun engem Jong.

Um Spaweck änneren

Commons: Laura Chinchilla Miranda – Biller, Videoen oder Audiodateien