Lann vum Coftice
Votivbam zu José
D'Lann vum Coftice ass e geneelte Bam um Lieu-dit Coftice zu José an der Belscher Gemeng Herve.
Lann vum Coftice | |
---|---|
D'Lann um Coftice am Januar 2020 | |
Kategorie | Bemierkenswäerte Bam |
Land | Belsch |
Gemeng | Herve |
Plaz | José |
Adress | Lieu-dit Coftice |
Koordinaten | 50°38'10,8"N, 5°46'1,4"O |
Bamaart | Wanterlann |
Status | Votivbam |
Déi éischt geneelt Lann um Coftice war zanter 1566 bekannt. Se war sou voller Neel geklappt datt ugeholl gëtt datt dat d'Ursaach war firwat de Blëtz 1941 drageschloen hat. 1948 gouf dunn eng nei Lann geplanzt op där d'Traditioun vum Neele weidergefouert gouf.
Fréier gouf et zu Herve nach eng geneelt Lann bei de Sechs Buren am Nordoste vun der Stad.
Plaz
ännerenD'Lann steet ongeféier dräi Kilometer vum Zentrum vun Herve op engem klenge Wee dee vun der Lécker Strooss lénks ofbéit. Nieft der Lann steet e klengt Weekräiz.