Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois
lëtzebuergesch Gewerkschaft, déi d'Intresse vun de Leit, déi op der Eisebunn schaffen, vertrëtt
(Virugeleet vu(n) Landesverband)
D'Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois ofgekierzt FNCTTFEL och bekannt als Landesverband oder FNCTTFEL-Landesverband[2], ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaft, déi d'Intresse vun de Leit, déi op der Eisebunn schaffen, vertrëtt.
Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois | |
---|---|
Ofkierzung | FNCTTFEL-Landesverband |
Zweck | Gewerkschaft |
Grënnungsdatum | 10.01.1909[1] |
Sëtz |
63, rue de Bonnevoie L-1260 Lëtzebuerg |
President | Georges Merenz |
Websäit | www.landesverband.lu |
Se gouf den 10. Januar 1909 ënner dem Numm Generalverband der Eisenbahner des Luxemburger Landes gegrënnt. 1910 gouf s'ëmgedeeft a Landesverband Luxemburger Eisenbahner. No enger Statutenännerung 1963 krut se den Numm dee se haut nach huet.
Den 1. Juli 2020 ass de Landesverband e professionelle Syndikat bannent dem OGB-L ginn[3] an et gi Bestriewunge fir eng Fusioun tëscht béide Gewerkschaften[4].
Presidente vun der FNCTTFELÄnneren
- 1909 - 1922: Joseph Junck
- 1922 - 1926: Aloyse Kayser
- 1926 - 1944: Michel Hack
- 1944 - 1954: Maurice Leick
- 1954 - 1964: Albert Bousser
- 1964 - 1976: Fons Hildgen
- 1976 - 1985: Jeannot Schneider
- 1985 - 1998: Josy Konz
- 1998 - 2009: Nico Wennmacher
- 2009 - 2015: Guy Greivelding
- 2015 - 2017: Jean-Claude Thümmel
- 2017 - :Georges Merenz[5]
Um SpaweckÄnneren
- Websäit vum Landesverband (fr) (de)
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ deemools als Generalverband der Eisenbahner des Luxemburegr Landes
- ↑ Artikel 1.1 vun de Statutten, Versioun vum 66. Kongress, 14. Oktober 2017
- ↑ Op den 1. Juli: Déi provisoresch Aglidderung vum Landesverband an den OGBL ass Realitéit ginn. www.rtl.lu (02.07.2020). Gekuckt de(n) 16.10.2022.
- ↑ Kongress vum Landesverband: Eens iwwer Positioun vis-à-vis vu Regierung an a Saache Fusioun mam OGBL. www.rtl.lu (15.10.2022). Gekuckt de(n) 16.10.2022.
- ↑ Georges Merenz gëtt neie President op rtl.lu de 16. Oktober 2017, gekuckt den 8. Dezember 2019