De Lacus Mortislatäin fir Doud-Séi – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (15981671) a gouf vun der IAU am Joer 1935 sou festgehalen.

De Lacus Mortis, Foto vun der Raumsond Clementine.

Déi basaltesch Déiffläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 151 Kilometer, e Flächeninhalt vu ronn 21.000 km² a läit am Nordoste vun der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinate 45° 00' Nord a 27° 12' Ost. D'Formatioun gläicht engem vollgelafene Krater. Op hirem Grond gëtt et Rillen a Grief. Ëstlech an hirem Mëttelpunkt läit dee 40 Kilometer grousse Krater Bürg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren