Labello ass ee Lëpsecrèmestëft vun der Firma Beiersdorf AG. Den Numm Labello ass aus de laténgesche Wierder „labium“ (= Lëps) a „bellus“ (= schéin) entstanen an heescht dofir „schéi Lëpsen“. Labello gëtt zanter dem Joer 1909 ënner dësem Numm vun der Beiersdorf AG verkaf an ass domat deen eelste Produit vun der Firma. Den Entwéckler vum Lëpsecrèmesteft war den Oscar Troplowitz. Haut ass de Labello a Mëtteleuropa de Synonym fir Lëpsecrème.

Labello-Crèmestëft
Labello-Zorten

Labello gëtt et a verschiddene Varianten, wéi zum Beispill mat Sonneschutzfaktor. De Produit gëtt et och mat diversen Aromen. D'Käppche vum Stëft huet dann d'Faarf vum jeeweilegen Aroma.

Um Spaweck änneren

Commons: Labello – Biller, Videoen oder Audiodateien