La Lumière a.s.b.l. ass e Veräin ouni Gewënnzweck zu Léck dee sech ëm blann Leit, oder Leit déi schlecht gesinn bekëmmert.

De Veräin ass 1919 entstanen, fir Zaldoten déi am Krich blann gi waren, oder schwéier Blessen un den Aen haten ze hëllefen. Ganz séier gouf erkannt, datt zivil Leit déi blann waren, a keng finanziell Hëllef kruten, och misste gehollef kréien, a sou goufen déi och adoptéiert.

1921 gouf den éischten Atelier ageriicht, deen am Ufank 5 Leit beschäftegt huet, déi Still opgestoppt hunn. D'Aktivitéite goufe séier diversifiéiert, soudatt an engem Joer d'Zuel vun den Aarbechter schonn op 30 eropgeklomme war.

Den Atelier huet sech lues a lues weider entwéckelt, awer eréischt 1966 koum e groussen Opschwonk. Dat Joer gouf den Atelier vum Fonds national de reclassement social de handicapés agreéiert an e krut d'Ënnerstëtzung vun der belscher Loterie nationale. Duerch déi offiziell Unerkennung vum Atelier krut en de Statut vun engem Atelier protégé.

De Sozialservice krut eng fest ugestallten Assistante sociale, déi zesumme mat de fräiweelege Mataarbechter, an der ganzer Provënz no Léisunge fir d'Problemer vun hiren Affiliéierte gesicht huet.

Duerch d'Expansioun vun den Aktivitéiten, an duerch Servicer déi no an no bäikoumen, huet sech missen no geeegente Lokaler ëmgekuckt ginn. Sou ass d'Lumière 1976 aus der Rue Saint-Gilles an nei Gebaier an der Rue Grangagnage geplënnert. Direkt huet sech e Schnéiklatzeneffet bemierkbar gemaach, méi Plaz, méi Aktivitéiten, méi Memberen a méi Personal hunn et mat sech bruecht, datt do d'Plaz och alt erëm ze knapps gouf.

D'Zuel vun den Aarbechter war schonn op iwwer 50 geklommen, wéi e generéisen Don et méiglech gemaach huet e Gebai op N° 17 an der Rue Fabry ze kafen, an et gouf erëm geplënnert. De protegéierten Atelier ass awer an der Grandgagnage-Strooss bliwwen an e gouf an Entreprise de travail adapté ëmgedeeft.

An der Fabry-Strooss gouf d'Bibliothèque sonore ageriicht, de Service social an de Service culturel hu sech och do installéiert. 1990 gouf de Centre Pouplin an der Rue Jonfosse iwwerholl. Do huet sech de Reeducatiounsservice fir Jonker installéiert, an de Service basses visions, an et goufe Stagë fir funktionell Readaptatioun ofgehalen.

De Centre dee vun der AWIPH a vum INAMI unerkannt gouf, krut den Numm Centre de Réadaptation Fonctionnelle. E puer Joer drop gëtt de Centre de Consultation d'Informatique adaptée avec accès à Internet an d'Welt gesat.

Géint 2000 gouf en Terrain an der Rue Sainte-Véronique kaaft, an e fuschneit Gebai, an deem all d'Servicer bis op den Atelier deen op de Boulevard Hilier zu Cointe geplënnert ass, konnten do ënnerbruecht ginn.

2010 erlaben hir Servicer der Lumière, sech ëm méi wéi 1.500 Leit ze bekëmmeren déi schlecht oder guer näischt gesinn.