La Fenderie ass e Lieu-dit an der Gemeng Trooz an der Provënz Léck an der Belsch.

Da fréiert Schlass op der Fenderie

Den Numm vun där Plaz déi um Uwänner vun der Vesdre läit, kënnt dohier well do fréier eng Eisespléckerei stoung.

Vun de Gebaier sinn nach Atelieren erhalen an dat fréiert Schlass, an deem d'Proprietär vun der Firma gewunnt hunn.

Haut ginn dës Gebaier fir kulturell Organisatioune benotzt, an e Musée erzielt vun der Vergaangenheet vun der Fabrick.

Am Millekanal ass eng Turbinn fir Stroumproduktioun installéiert.