Linienzugbeeinflussung

(Virugeleet vu(n) LZB)

D'Linienzugbeeinflussung (LZB) ass en däitschen Zuchsécherungssystem, dee speziell fir Héichvitessstrecken entwéckelt a konzipéiert gouf. All Héichvitessstrecken an Däitschland an deelweis an aneren europäesche Länner si mat LZB ausgerëscht. Bei der LZB ginn, anescht wéi bei der PZB, d'Date linnefërmeg, also permanent, iwwerdroen. Dës Date kënnen d'Soll- an Zilvitesse souwéi z. B. och den Ofstand bis zum nächsten Haaptsignal sinn.

De Schlitzkabel vun der LZB, deen d'Informatioune bidirektional iwwerdréit.

Komponenten an Ausrëschtung änneren

Bei der LZB gëtt tëscht den Ariichtungen op der Streck an den Ariichtungen op der Maschinn ënnerscheet.

Streckenariichtungen änneren

Bei der LZB suergen zwéi Schlitzkabelen, déi souwuel an der Mëtt vum Gleis wéi och um Fouss vun enger Schinn verlafen, fir déi konstant Dateniwwerdroung tëscht dem Gefier an der Streckenzentral. De Kabel gëtt an enger Schleef verluecht an all 100 Meter wiesselt de Kabel dee laanscht d'Schinn läit, an d'Mëtt vum Gleis, an de Kabel aus der Mëtt vum Gleis wiesselt laascht d'Schinn. Bei sou enger Kräizung kënnt et zu engem Phasesprong, deen hëlleft Postioun vum Gefier ze bestëmmen. D'maximal Längt vu sou enger Kabelschleef ass 12,7 km.

 
D'Verleeë vun de Schleefe bei der Kuerzschleefentechnik.

Kuerzschleefentechnik änneren

Bei der Kuerzschleefentechnik ginn d'Schleefeberäicher an eenzele Schleefe vun 300 Meter no riets an no lénks geluecht. D'Speisung vun de Kuerzschleefe geschitt parallel, sou datt an engem Schleefeberäich an alle Schleefen déi selwecht Informatiounen iwwerdroe ginn.

Laangschleefentechnik änneren

Bei der Laangschleefentechnik besteet de Schleefeberäich aus enger Schleef, déi vun engem Fernspeisegerät aus gespeist gëtt. En Nodeel vun der Technik ass deen, datt beim Ausfall vum Fernspeisegerät de ganze Schleefeberäich ausfält. Dowéinst gëtt d'Laangschleefentechnik no an no vun der Kuerzschleefentechnik ersat.

Streckenausrëschtung änneren

  • LZB-Streckenzentral
  • Fernspeisgeräter
  • Virastellungsgeräter
  • Potentialtrennschief
  • Verstärkerschief
  • Linneleederschleefen am Gleis
  • Zousätzlech LZB-Signaliséierung

Gefierausrëschtung änneren

 
Eng LZB-Antenne fir d'Iwwerdroen an empfänke vun Telegrammen.

Zwou Antennen um Gefier iwwerdroe bei der LZB fir d'Daten tëscht der Zentral an dem Gefier. Iwwer Induktioun ginn d'Informatiounen tëscht dem Linneleeder an den Antennen ausgetosch.

  • LZB-Gefierrechner
  • Stroumversuergung
  • Antenne fir ze senden an z'empfänken
  • Weesensorik
  • Zwangsbremsagrëff
  • Zuchdatenasteller
  • Modular Führerstandsannonce

Fonctionnement änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.