Lëtzebuerger zu Chicago
D'Lëtzebuerger zu Chicago ass eng ethnesch Grupp an der Regioun vu Chicago[1] an de Vereenegte Staate vun Amerika.
Geschicht
ännerenDéi éischt Lëtzebuerger, déi op Chicago koumen, sinn entweeder 1842[2] oder 1846[3] laanscht d'"Ridge Road" immigréiert[4], déi deemools just nërdlech vu Chicago war. Kuerz no deem grousse Brand vu Chicago am Oktober 1871 hu Parmembere vun der "St. Michael's Church" zu Chicago déi éischt lëtzebuergesch-amerikanesch Organisatioun an den USA gegrënnt, de Luxemburger Unterstützungsverein[3]. Aner Organisatiounen, wéi d'Luxembourg Brotherhood, goufen duerno gegrënnt. Vill Lëtzebuerger ware Réimesch Katholicken, an déi éischt initial Well vun Immigranten huet nieft den Däitschen op Plaze wéi der Alstad gelieft, huet awer méi spéit probéiert, sech vun den Däitschen z'ënnerscheeden[5]. Nom Feier si si méi nërdlech a Gebidder wéi "Rogers Park" geplënnert. Am Joer 1880 gouf et ongeféier 500-700 Lëtzebuerger zu Chicago[6] a bis 1900 war déi Zuel op ongeféier 16.000 geklommen[7]. D'Majoritéit vun den Immigrante koum aus dem Muselgebitt[8], dat un Däitschland grenzt.
Vill Lëtzebuerger waren deemools mam Ubau vu Planzen an Zäre beschäftegt, esou vill datt bis 1910 déi meescht vun den 100 Zären zu Chicago Lëtzebuergeschen Amerikaner gehéiert hunn[10][11][12]. E puer sinn nach bis haut a Betrib[13].
Kulturell Institutiounen
änneren- d'Kierch vum hellege Gregor de Groussen (Gregor I.)[14], déi 1904 gegrënnt gouf
- d'Kierch St. Michael[15]
- D'Weesenhaus "Angel Guardian Orphanage", dat 1975 zougemaach gouf an en Deel vu sengem Land dem "Misericordia Home" ginn huet
- D'"Luxembourg Brotherhood of America" organiséiert all Joer follgend Eventer:
- Eng järlech Mass fir d'Muttergottes, Patréinesch vu Lëtzebuerg ze feieren.
- Biwwelamoud-Dinner am Fréijoer.
- Nationalkongress vum Veräin am Mee.
- De Schobermesse / Nationalfeierdag am Juni[16][17][18][19][20], baséiert op der Schueberfouer, déi 1340 vum Jang de Blannen zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf.
- De Luxembourg Independent Club of Chicago[21]
- D'Luxemburger Zeitung, méli spéit als Luxembourg Weekly bekannt, huet 1899 zu Chicago ugefaangen, mat engem nationalen Abonnement per Post vun 1902 un. Se gëtt nach ëmmer publizéiert, ënner dem Numm "Luxembourg News of America"[21].
- De Luxembourg-American Social Club gouf 1960 zu Chicago gegrënnt[21].
Prominent Leit
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lëtzebuerger Diaspora an den USA – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "LUXEMBOURG LOVES U.S.; SENDS DUKE TO SAY SO" an der "The New York Times" vum 12. November 1984
- ↑ Luxembourgers op www.encyclopedia.chicagohistory.org
- ↑ 3,0 3,1 Luxembourg's history: Luxembourgish immigration to Chicago op rtl.lu
- ↑ Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.58-59
- ↑ The Luxembourg trail in America's Midwest op luxtimes.lu
- ↑ Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.60
- ↑ Luxembourg and NATO - 1949 NATO
- ↑ Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.62
- ↑ The Luxembourgers who left for America op luxtimes.lu
- ↑ (en)The Luxembourg trail in America's Midwest (2018-02-07).
- ↑ Chicago Buch vum Cutler Irving, 1973, SIU Press, ISBN=978-0-8093-8795-3
- ↑ Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikEdgewater Historical Society Explores How Luxembourgers Shaped Chicago (2019-06-26).Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
- ↑ Moore, Taylor (2019-07-31): Glass house people op Chicago Reader
- ↑ (en)St. Gregory the Great Church.
- ↑ Cardinal of Luxembourg to celebrate mass at St. Michael Church Archivéiert de(n) 7 December 2023. Gekuckt de(n) 20 November 2023.
- ↑ (de)Luxemburger Volksfest – Beten & Bofferding - So lief die «Fouer» in Chicago (2015-08-26).
- ↑ 1948 - Schobermesse Chicago Tribune, 3. Sept. 1948, Säit 27
- ↑ (en)Zender Rogers Park Ebert's Grove Luxembourg - Newspapers.com.
- ↑ (en)Yumpu.com, Luxemburger Schobermesse - Luxembourg American Heritage ....
- ↑ (en)1941 - Schobermesse article - Newspapers.com.
- ↑ 21,0 21,1 21,2 Luxembourgers in America (European Reading Room, Library of Congress).