Lëtzebuerger Konschtlexikon

lëtzebuergeschen Online-Lexikon iwwer Kënschtler

De Lëtzebuerger Konschtlexikon ass en zweesproochegen (Englesch/Franséisch) spezialiséierte Lexikon a Form vun enger Datebank iwwer Arts plastiques/Bildend Konscht zu Lëtzebuerg. En ass am September 2023 online gaangen.

Dora fënnt een haaptsächlech Informatiounen iwwer déi verschidde Kënschtlerinnen a Kënschtler aus dem Land (iwwer 6.000, Stand Sept. 2024), an och, domat verlinkt, iwwer Institutiounen, Ausstellungen, Auszeechnungen, asw.

E gëtt vum Lëtzebuerger Konschtarchiv (LKA, offiziell: Centre de documentation sur les arts plastiques) erausbruecht, deen dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA) ënnersteet.

D'Artikele gi reegelméisseg aktualiséiert, net zulescht an Zesummenaarbecht mat deene sëllege Kënschtler.[1]

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Isabel Spigarelli: "1. Jahr 'Lëtzebuerger Konschtlexikon': 'Kultur war für Luxemburg nie identitätsstiftend'." tageblatt.lu, 27.09.2024.