Dat éischt vun de Lëschtebicher koum 1977 eraus a gouf direkt a Bestseller.

Titelsäit

Et war The Book of Lists vum US-amerikaneschen Erfollegsauteur Irving Wallace, sengem Jong David Wallechinsky a sengem Meedchen, der Amy Wallace. Honnerte vu Lëschten, déi eng méi seriös, anerer méi trivial, waren an deem Buch zesummegeraaft.
E puer Beispiller:

  • 4007 Saachen, déi ronderëm d'Äerd fléien
  • Hondsrassen, déi am meeschte bäissen
  • Dräi berüümt Leit, déi bei sexuellen Aktivitéite gestuerwe sinn (dorënner e franséische Staatpresident an e Poopst)
  • Aacht Fäll, an deene Leit vu sech aus ugefaangen hu mat brennen.

Den Erfolleg vun deem Buch huet et mat sech bruecht, datt 1980 en zweet, The Book of Lists 2 an 1983 en drëtt erauskoumen.

An Däitschland huet de Rowohlt Verlag d'Iddi iwwerholl, an am Oktober 1980 Rowohlts Bunte Liste erausginn, e Buch dat keng Iwwersetzung war, obwuel et d'Copyright vum amerikaneschen ugëtt. Vill däitschsproocheg "Prominenter" hunn hire Pefferkär mat dobäi ginn. Dem Loriot seng Lëscht vun deene Leit, mat deenen hie gär beim Kaffiskränzche séitz, ass eng vun de Pärelen aus dem Buch, eng Rei vun ironesche Lussegkeeten. De Golo Mann, dee gefrot gi war, déi zéng schlëmmst Leit an der Weltgeschicht opzezielen, huet fonnt dat wier him "gar zu saudumm".

Zanterhier ass e ganze Rateschwanz vu Lëschtebicher publizéiert ginn.

Eng Auswiel änneren

Op Englesch änneren

  • David Wallechinsky, Amy Wallace, Irving Wallace: The Peoples's Almanach Presents The Book of Predictions, 1981, Morrow.
  • R.I.B. Francki, C.M. Fauquet, D.L. Knudson, F. Brown (Erausg.): Classification and Nomenclature of Viruses. Fifth Report of the International Committee on Taxinomy of Viruses, Archives of Virology, Supplementum 2, 1991, Springer-Verlag, Wien, New York.

Op Däitsch änneren

  • David Wallechinsky, Inring & Amy Wallace; iwwerschafft vun der Christine Brinck: Rowohlts Bunte Liste, Rowohlt, 1980
  • Walter Krämer, Michael Schmidt: Das Buch der Listen, 1997, Vito von Eichborn-Verlag

Dem Loriot seng Lëscht änneren

  1. Richard Wagner
  2. Cosima Wagner
  3. Minna Wagner
  4. Otto Wesendonk
  5. Mathilde Wesendonk
  6. Hans von Bülow
  7. Marie von Bülow
  8. Friedrich Nietzsche
  9. Elisabeth Nietzsche
  10. Eduard Hanslick
  11. Robert Schumann
  12. Clara Schumann