Léonie de Jonge

lëtzebuergesch Sozialwëssenschaftlerin; Basketballspillerin

D'Léonie de Jonge, gebuer de 7. Januar 1990 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Politologin a Basketballspillerin[1].

Léonie de Jonge
Gebuer 7. Januar 1990
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Cambridge, Lake Region State College, Cornell College
Aktivitéit Basketballspiller, Politolog

Basket änneren

Vun 2009 bis 2015 war d'Léonie de Jonge am Kader vun der lëtzebuergescher Dammebasketballnationalekipp, an huet 16-mol fir d'Nationalekipp gespillt[1].

Akadeemesch Karriär änneren

Iwwer eng Studiebourse huet si zwee Joer um Junior College zu Devil's Lake am North Dakota studéiert a Basket gespillt. Dono huet si um Cornell College am Iowa, a vun 2014 zu Cambridge an England studéiert, wou si 2015 hire Master an 2019 hire PhD gemaach iwwer d'Hannergrënn, firwat a verschiddene Regiounen oder Staate vum Benelux riets-populistesch Parteien ënnerschiddlech staark sinn (The Success and Failure of Right-Wing Populist Parties in the Benelux Countries, 2019).[2]

Si ass Assistent-Professesch op der Universitéit Groningen.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://archive.fiba.com/pages/eng/fa/player/p/pid/51649/pid2//sid/6340/tid/320/tid2//_/2009_EuroBasket_Women_DIVISION_B/index.html
  2. Bernard Thomas: "Cordon sanitaire." d'Lëtzebuerger Land, 25.06.2021 (och op land.lu; gekuckt: 2011-11-15).
  3. CV op rug.nl, gekuckt 2021-11-15.