Léon Jean Namur
lëtzebuergesche Apdiker
De Léon Jean Namur, gebuer zu Iechternach de 16. Februar 1879, an do gestuerwen den 2. August 1937, war en Apdikter zu Iechternach. Säi lëtzebuergeschen Apdikeschdiplom krut hien de 27. Oktober 1900. Domat konnt hien dann sengem fréi verstuerwene Papp Léon Namur seng Apdikt, d'Pharmacie du Cerf, iwwerhuelen.
Léon Jean Namur | |
---|---|
Gebuer |
16. Februar 1879 Iechternach |
Gestuerwen |
2. August 1937 Iechternach |
Famill | |
Papp | Léon Namur |
Bis dohin war d'Apdikt, nom Doud vum Léon Namur am Joer 1893, vun engem Provisor gefouert ginn, an zwar vum Antoine Mathes (Mattes), deen den 18. August 1868 gebuer gouf an den 21. Mee 1891 säin Apdikteschdiplom krut.
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Literatur
änneren- Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558 (L.J. Namur: S. 491).
- Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag: 653-1342 (Mathes: S. 1024; L.J. Namur: S. 1130, Verwiesselungen am Text).
- Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1903: 136 (Mathes), 187 (Namur). [1]
- ↑ Doudesannonce vum Léon Namur am Luxemburger Wort vum 3. August 1937 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 22.02.2015.