De Léon Boëllmann, gebuer de 25. September 1862 zu Ensisheim am Elsass, a gestuerwen den 11. Oktober 1897 zu Paräis, war e franséischen Organist a Komponist.

Léon Boëllmann
Gebuer 25. September 1862
Ensisheim
Gestuerwen 11. Oktober 1897
Paräis
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komponist, Organist, Musekskritiker

Schonn am Alter vun 9 Joer huet e säin Duerf verlooss fir sech zu Paräis un enger Musekschoul anzeschreiwen. Hien huet Talent bewisen a gouf 1881 Organist an der Paräisser Kierch St. Vincent-de-Paul. Säi wuel bekanntst Wierk als Komponist ass d'Suite gothique op. 25, déi besonnesch duerch de leschte Saz, eng Toccata, ze gefale wousst.

Um Spaweck änneren