D'Lärensmillen (Oberfelsmühle, Alte Felsmühle) war eng fréier Millen am Sirdall tëscht Manternach a Mäertert. Si soll eng éischt Kéier am Joer 1787 als Käremille genannt gi sinn, huet awer och als Ueleg- a Gipsmille funktionéiert. Am Joer 1910 ass d'Millen un den Eugène Lamort, en Neveu vum Jules Lamort, verkaaft ginn. D'Lärensmille sollt awer an der Zäit drop eidel stoe bleiwen, gouf deelweis ausgeraibert an ass zerfall. Enn der 1930er Jore war si just nach eng Ruin.

D'Lärensmillen 1925, gemoolt vum Jean-Pierre Beckius.
... an 1924, och vum Beckius.

Hautdesdaags sinn nach eenzel Iwwerreschter vun der Staumauer an dem Millekanal z'erkennen.

Kuckt och änneren