Kurt Alder

däitsche Cheemiker

De Kurt Alder gebuer den 10. Juli 1902 zu Königshütte an Uewerschlesien (haut a Polen), a gestuerwen den 20. Juni 1958 war en däitsche Cheemiker.

Kurt Alder
Gebuer 10. Juli 1902
Chorzów
Gestuerwen 20. Juni 1958
Köln
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Kiel,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Hien ass zu Kiel op d'Universitéit gaangen, wou en ënner dem Otto Diels geschafft huet, a mat deem en zesummen 1950 den Nobelpräis fir Chimie krut, fir hir Entdeckungen an d'Entwécklung vun der Dien-Synthees“, die och Diels-Alder-Reaktioun genannt gëtt. Vun 1940 bis zu sengem Doud war e Professer op der Universitéit vu Köln.

Liewen änneren

De Kurt Alder ass ze Königshütte grouss ginn, bis 1922 Ostuewerschlesien Polen zougesprach gouf. Hien ass du mat sengen Elteren iwwer Berlin op Kiel gezunn, wou hie Chimie studéiert huet. 1936 krut hien dunn eng Plaz als Departementschef bei I.G. Farben zu Leverkusen. Vun 1940 un war e Professer fir Chimie op der Uni zu Köln.

Wëssenschaftlech Aarbecht änneren

Seng wichtegst Leeschtung war d'Entdeckungen an d'Entwécklung vun der Dien-Synthees. Ee Beispill: Reaktioun zwëscht dem Ethen an dem but-1,3-diene.

 

Déi Reaktioune kënnen och stereocheemesch selektiv sinn.

Bei den I.G. Farben huet hien un der Weiderentwécklung vum syntheetesche Gummi Buna geschafft.

Wierker änneren

Diels, O.; Alder, K. (1928). "Synthesen in der hydroaromatischen Reihe". Justus Liebigs Annalen der Chemie 460 (1): 98–122. DOI:10.1002/jlac.19284600106.

Ihde, Aaron J. (1970). "Kurt Alder". Dictionary of Scientific Biography. 1. New York: Charles Scribner's Sons. pp. 105–106. ISBN 0-684-10114-9.

Éierungen änneren

Am Joer 1939 ass hien an d'Leopoldina gewielt ginn.

Den Alder krut 1950 zesumme mam Otto Diels den Nobelpräis für Chemie an hir Reaktioun krut och hiren Numm (Diels-Alder-Reaktioun).

1955 gouf hien an d'Bayeresch Akademie vun de Wëssenschaften gewielt.

1979 gouf e Krater um Mound no him benannt, den Alder-Krater.

De gréisste Sall am cheemeschen Institut vun der Uni Köln ass no him benannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

http://www.nobelprize.org/nobel_prizes/chemistry/laureates/1950/alder-bio.html