D'Christian-Albrechts-Universitéit (op Däitsch: Christian-Albrechts-Universität zu Kiel, kuerz CAU) zu Kiel ass déi eenzeg Volluniversitéit a Schleswig-Holstein. Iwwer 26.000 Studente ginn do vu gutt 400 Porfesseren ausgebilt.[1] 2017 konnt een 185 Studiegäng – vun Agrarwëssenschafte bis Zännmedezin studéieren[2]. Kooperatiounspartner vun der Christian-Albrechts-Universitéit si beispillsweis de Fuerschungs- an Technologiezentrum Westküste zu Büsum an de Fuerschungszentrum GKSS zu Geesthacht. Och den Archeologesche Landesmusée vu Schleswig ass der CAU ugegliddert.