De Kurmanbek Salijewitsch Bakijew, Kirgisesch: Курманбек Салиевич Бакиев, gebuer den 1. August 1949 zu Massadan bei Susak, Kirgisesch SSR), war vun 2005 bis 2010 Staatspresident vu Kirgisistan.

Kurmanbek Bakijew
Gebuer 1. August 1949
Nationalitéit Kirgisistan
Aktivitéit Politiker
Partei Onofhängeg

1972 huet de Bakijew e Studium an der Elektrotechnik ofgeschloss an am russesche Samara geschafft. No sengem Militärdéngscht, 1974 bis 1976, goung hien hannescht a Kirgisistan, wou en an enger Steckerfabrik zu Dschalalabat geschafft huet, vun där en 1990 Direkter gouf.

Zanter 1990 hat hie verschidde politesch Ämter an der KPvdSU. 1995 gouf e vum Presidnet Askar Akajew zum Gouverneur von Dschalalabat ernannt. 1997 gouf e Gouverneur vun Tschüi.

Den 21. Dezember 2000 gouf e Premierminister vu Kirgisistan, ass awer no 17 Méint zeréckgetrueden, wéi an der südkirgisescher Stad Aksy sechs Demonstrante vun der Police erschoss gi waren.

Duerno gouf en de President vun enger vun de sëllegen oppositionelle Beweegungen am Kirgisistan. No der Tulperevolutioun gouf en de 24. Mäerz 2005 Chef vun enger Iwwerganksregierung an den Dag drop zum Iwwergankspresident ernannt.[1] Den 10. Juli 2005 gouf de Bakijew mat 88,9 % vun de Stëmmen (bei 74,6 % Walbedeelegung) zum President vum Kirgisistan gewielt an de 14. August 2005 vereedegt.

Am Oktober 2007 huet de Bakijew e Referendum iwwer eng Ännerung vun der Verfassung organiséiere gelooss, fir datt de Staatspresident méi Pouvoire sollt hunn. Wéi dat ugeholl gi war, huet hien d'Parlament opgeléist an d'Regierung entlooss. Am Dezember 2007 gouf et Neiwalen, déi vun der Partei „Ak Dschol“ (déi hien ënnerstëtzt) gewonne goufen.

Bei den Onrouen am Abrëll 2010 huet d'Oppositioun ugekënnegt, de Bakijew wier de 7. Abrëll 2010 gestierzt ginn an hätt sech an d'Ausland ofgesat; si hätten elo d'Muecht am Staat.[2] Hien huet de 16. Abrëll offiziell säi Récktrëtt erkläert.

Um Spaweck

änneren
Commons: Kurmanbek Bakijew – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Putin will mit den neuen Machthabern in Kirgistan zusammenarbeiten FAZ Online vom 25. März 2005.
  2. Archive copy Archivéiert de(n) 17.04.2010. Gekuckt de(n) 09.04.2010.