Kura

floss An Transkaukasien

D'Kura (Tierkesch), Mtkvari (Georgesch; მტკვარი,) oder Kür (Azeri) ass e Floss, deen an Ost-Anatolien an der Tierkei entspréngt an dann duerch Georgien an duerch den Aserbaidjan leeft, wou en an d'Kaspescht Mier fléisst. Mat enger Längt vu 1.530 km ass et dee wichtegste Floss am Süd-Kaukasus.

D'Kura bei Likani am Klenge Kaukasus, Georgien
(faarweg Foto vum Prokudin-Gorski, ëm 1915)

A Georgie leeft en duerch d'Haaptstad Tbilisi. Den Niewefloss Alazani leeft op der Grenz mat Aserbaidjan dran. Do gëtt en am Stauséi vu Mingəçevir deen 1953 ugeluecht gouf, gestaut. Vu Mingəçevir u leeft en an der Kura-Arasebene. Just ier d'Kür an d'Kaspescht Mier leeft, kënnt nach hire gréissten Niewefloss d'Aras, dobäi.

Um Spaweck änneren

Commons: Kura River – Biller, Videoen oder Audiodateien