Kulturkanal a.s.b.l. ass e Veräin, deen de Kulturkanal fir Lëtzebuerg (KUK) dréit, e kulturellen Onlineportal fir d'Kreatioun an d'Diffusioun vu kulturellen Inhalter a vu Weiderbildungsaktivitéiten.

De Veräi gouf de 7. Juni 2020 zu Miersch gegrënnt an den 10. Juni 2020 an de Registre de commerce et des sociétés agedroen (Matrikelnummer F12873).

Grënnungsmembere waren: Serge Tonnar, Tania Brugnoni, Serge Nickels a Christian Ries.

De Veräin huet als Ziler de Lancement, d'Organisatioun an d'Gestioun vun engem Onlineportal fir d'Kreatioun an d'Diffusioun vu kulturellen Inhalter, notamment:

  • déi kulturell Kreatioun an Expressioun ze encouragéieren an ze verbreeden;
  • nei Gesellschaftschichten unzespriechen, vun all Alter, Urspronk a sozial Klassen, fir zur Demokratiséierung vun der Kultur bäizedroen;
  • déi Méiglechkeete vun den digitalen Technologien ausnotzen fir d'Ofhängegkeet vun de Kënschtler ze reduzéieren;
  • d'Vernetze vu Kënschtler, Produzenten an Distributeure vu kulturellen Inhalter, ob digitaler oder audiovisueller;
  • den interkulturellen Dialog stimuléieren.

Um Spaweck änneren