Krichsministère

Wikimedia-Homonymiesäit
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Krichsministère war fréier dat iewescht Staatsorgan fir d'Arméi- an d'Krichswiesen.

Un der Spëtzt stoung de Krichsminister, dee meeschtens en héijen Offizéier war a vum Staatschef ernannt gouf. A konstitutionelle Staaten hat e säin Amt och géintiwwer vum Parlament ze vertrieden. A militärescher Hisiicht huet de Krichsministère entweeder dat komplett Militärwiese mam ieweschte Kommando (wéi sengerzäit a Frankräich) oder nëmmen d'Verwaltung (wéi a Preisen) geleet.

Déi haiteg Bezeechnung ass normalerweis Verdeedegungsministère, wat als Euphemismus kéint ugesi ginn.