Krakusregiment

Friemt Regiment vun der Grande Arméé

D'Krakusregiment (fr: Les Krakus) war e polnescht Regiment vun der Grande Armée an duerno vun der polnescher Arméi. Den Numm Krakus ass ofgeleet vum Num vun der polnescher Stad Kraków, well déi meescht Zaldote vun deem Regiment aus der Géigend vun där Stad koumen.

Krakusreider ëm 1814

D'Regiment an der Grande Armée änneren

Nom Desaster vum Russlandfeldzuch huet den Napoleon den 19. Dezember 1812 en Dekreet erlooss fir e Regiment mat polneschen Truppen opzestellen. An deem Ament hat de Prënz Poniatowski ugefaangen eng Arméi am Herzogtum Warschau op d'Been ze stellen. Wéi de russeschen Drock op d'Haaptstad ënmmer méi grouss gouf, ass de Poniatowski op Krakau gaangen an huet do e Régiment d'avant-garde opgestallt deen den Numm Krakus krut. D'Rekrutement war op der Awunnerzuel baséiert. All Grupp vu 50 Feierplazen huet missen en ekipéierte Kavallerist mat engem Päerd stellen.

Am Abrëll 1813 koum de Corps ënner de Kommando vum Majouer Kajetan Rzuchowski a gouf am Juni frësch organiséiert. En huet déi Zäit aus 4 Schwadroune bestanen a war 4.000 Mann staark.

Knapps stoung d'Regiment, do gouf et och schonn ënner dem Kommando vum Generol Uminski zesumme mat de Reschter vum 14. Kürasséierregiment am Sachsenfeldzuch agesat. Wéi nom 10. August 1813 d'Armistice vu Pleiswitz op en Enn koum huet de Poniatowski d'Krakusregiment zesumme mat sengem VIII. Polnesche Corps ënner anerem benotzt fir eng Zort Guerillakrich mat ganz gudde Resultater géint dem Generol Thielmann seng Truppen. Bei der Schluecht vu Leipzig am Oktober 1813 ware si derbäi wéi de Prënz Poniatowski an der Elster erdronk ass. Si hunn och d'Escorte gemaach fir seng Läich vu Leipzeg op Warschau ze bréngen.

D'Krakusregiment wat bis zu Schluss trei zum Keeser stoung, war nom Oktober 1813, ënner dem Kommando vum Colonel Dwernicki nach laang bei der Verdeedegung vu Franräich aktiv a war 1814 zu Berry-au-Bac, zu Craonne, zu Laon an zu gudder Lescht viru Paräis am Asaz. Nodeems den Napoleon ofgedankt hat ass d'Regiment hannescht a Pole gaangen. Enn 1814 goufen eng Parti vu sengen Zaldoten an d'1. Ulaneregiment iweerholl an de Rescht gouf demobiliséiert.