Krafft (Moundkrater)

Moundkrater


De Krafft ass en Aschlagkrater um nordwestleche Rand vun der viischter Moundsäit. Hie läit nërdlech vum Krater Cardanus um westleche Rand vum Oceanus Procellarum. Tëscht dem Krafft am Cardanus läit déi laanggestreckt Kraterkette Catena Krafft. De Kraterrampli huet Terrassen an ass liicht erodéiert. Den Zentrum ass bis op den Niewekrater Krafft C relativ flaach.

Krafft
D'Moundkratere Krafft a Cardanus
(LROC-WAC)
Koordinaten 16°33'36"N, 72°43'12"W
Duerchmiesser 51,15 km
Déift 3520m[1]
Selenographesch Längt 73° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ10
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
C 16,34° N, 72,45° W7 13 km [1]
D 15,09° N, 73,35° W7 12 km [2]
E 15,9° N, 71,78° W7 10 km [3]
H 16,89° N, 77,88° W7 15 km [4]
K 16,48° N, 74,64° W7 12 km [5]
L 15,98° N, 76,46° W7 20 km [6]
M 17,77° N, 75,56° W7 11 km [7]
U 17,22° N, 64,74° W7 3 km [8]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom däitsch-russeschen Astronom Wolfgang Ludwig Krafft genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.