Kowalsky (Film)

Film vum Émile V. Schlesser

Kowalsky ass en tragikomesche Kuerzfilm vum Émile V. Schlesser aus dem Joer 2022, mam Raoul Schlechter a Josiane Peiffer an den Haaptrollen. D'Première war de 7. Mäerz 2022 um LuxFilmFest.

Kowalsky
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2022
Première 7. Mäerz 2022
Dauer 13 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Émile V. Schlesser
Dréibuch Émile V. Schlesser
Fotografie Vitalijus Kiselius
Musek Émile V. Schlesser
Schnëtt Émile V. Schlesser
Dekoren Audrey Dhyvert
Produzent Fabien Colas
Produktiouns-
gesellschaft
Kite Rock Pictures
Schauspiller
Josiane Peiffer als Mimi Kowalky
Raoul Schlechter als Jean Kowalsky
Nilton Martins als Usträicher
Shayan Mehrafza als Usträicher
Tatiana Santos als Eva
Daniel Halici als Besuch
Darlene Sanots als Besuch[1]
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Synopsis änneren

De Räichtum vun der Famill Kowalsky ass lues a lues um Zerfalen. Wéi de Jean, den eenzege Fils, seng Mamm, d'Wittfra Mimi, em finanziell Ënnerstëtzung biet, eskaléiert e battere Sträit, deen déi béid zu absurden Tricken an hannerhältegen Doten zwéngt.

Hannergrond änneren

De Film gouf iwwer fënnef Deeg gedréint.[2]

Kowalsky ass op enger Rei Filmfestivalle gelaf, dorënner um Internationale Filmfestival vu Cleveland, um Dances With Films zu Los Angeles, dem Albuquerque Film & Music Experience, dem britteschen Aesthetica Short Film Festival, dem Paräisser Festival européen du film indépendant, dem Festival International du Film de Nancy an dem Fimfestival vun der Stad Lëtzebuerg.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Hannergrondinformatiounen iwwer de Film op crew-united.com
  2. directorsnotes.com: A Mother and Son Fall Into a Toxic Masquerade in Émile V. Schlesser’s Darkly Twisted Satire ‘Kowalsky’, Interview vum James Maitre mam Regisseur (14. Juni 2022)
  3. Fiche vum Film op 35mfilms.com