Konstitutionell Garde vum Kinnek

Wéi sech d'Assemblée constituante den 3. September 1791 opgeléist huet, huet si en Dekreet erausginn, dat gesot huet, datt de Kinnek d'Recht op eng Konstitutionell Garde hätt.

De Sëtz vun der Garde an der Militärschoul.

Dës krut den Numm Garde constitutionnelle du Roi oder och Garde Brissac. Dës Garde war den Nofollger vun de véier Leifgarde vum Militäreschen Haus vum Kinnek no der Flucht op Varennes den 21. Juni 1791, och wa verschidde Jakobiner dogéint waren.

D'Kreatioun vun dëser Garde war schonn an der Constitutioun vu 1790 virgesinn, mä de Louis XVI. hat dëst Gesetz net un d'grouss Klack gehaangen, fir seng al Garden ze behalen.

Eng kuerz Existenz änneren

Dës Unitéit, déi vum Generol-Herzog vu Cossé-Brissac dirigéiert gouf, hat nëmmen eng kuerz Existenz. Hire Sënn war et, d'Persoun vum Kinnek a seng Famill ze verdeedegen.

D'konstitutionell Garde vum Kinnek huet am Géigesaz zu de Legenden no engem Plang vum Delessart bestanen aus:

  • engem Drëttel aus Linnentruppen,
  • zwee Drëttel aus jonke Bierger déi an der Garde nationale a bei de Representante vun den Departementer rekrutéiert goufen, déi d'Bierger ernimmt hunn. All Departement huet dräi oder véier Bierger ernimmt[1].

D'Linnentruppen hunn eng gewëssen Zuel vu jonke Garden zur Demissioun gezwongen, déi duerch eeler Zaldoten ersat goufen, déi fir méi zouverlässeg ageschat goufen[2]. Vill vun dëse Garde ware Meeschter am Fechten, hu gutt geschoss a waren exzellent Kavaléier. Des hommes d'audace et d'aventure...[3].

De Louis Hercule Timoléon vu Cossé-Brissac (1734-1792) war de Chefkommandant vun der Konstitutioneller Garde vum Kinnek. De Feldmarschall Jean-Georges-Claude Baude, Barong vu Pont-l'Abbé[4] war de Kommandant vun de Fousstruppen. De Feldmarschall-Herzog Louis Charles d'Hervilly war de Kommandant vun der Kavalerie.

 
De Palais des Tuileries wou d'Garde op de Kinnek a seng Famill opgepasst huet.

D'Konstitutionell Garde vum Kinnek huet aus sechs Divisioune vu Fousstruppe vun 200 Männer an dräi Divisioune vun 200 Kavaléier bestanen, also 1.800 Garden an net 6.000, wéi den Alexandre Dumas geschriwwen huet[5].

Déi Zaldoten, déi hire Service den 1. Januar 1792 opgeholl hunn, hunn am Mäerz en Eed op d'Natioun, d'Gesetz an de Kinnek geleescht. An dach schreift den Alexandre Dumas:

Et quels hommes ! Des bretteurs et des maîtres d'escrime qui vont parfois jusqu'à insulter les représentants patriotes jusque sur les bancs de l'Assemblée ; des gentilshommes bretons et vendéens, des Provençaux de Nîmes et d'Arles, de robustes prêtres qui, sous prétexte de refus de serment, ont jeté la soutane aux orties, et pris à la place du goupillon, l'épée, le poignard et le pistolet.

A Wierklechkeet huet d'Garde hir Aarbecht gutt gemaach, huet Opstänn néiergeschloen an de Kinnek virun de Manifestante beschützt. Si huet les députés sur les bancs de l'Assemblée net beleidegt. Eng Partie vun de Membere vun der Garde waren och Member vun de Jakobiner[1].

Den Alexandre Dumas schreift weider: En outre, un monde de chevaliers de Saint-Louis qui sortent on ne sait d'où, qu'on décore on ne sait pourquoi. Allerdéngs konnt et un monde de nouveaux chevaliers de Saint-Louis guer net ginn, en Dekreet vum 1. Januar 1791 hat deen Uerden opgeléist[6].

Natierlech huet d'Marie-Antoinette dës Gard lues a lues nei organiséiert. Mä och wa verschidden Offizéier vun der Kinnigin erausgesicht goufen, la noblesse ne veut point y entrer par opposition à la Constitution[7].

D'Garden hunn den dräifaarwege Fändel net gedroen, a si haten eng elegant blo Uniform[8]. Si hu sech an der Militärschoul opgehalen a goufe vum Kinnek bezuelt[9].

D'Opléisung vun der Garde duerch d'Assemblée législative änneren

 
De Louis XVI. hat Zweiwelen un der Éierlechkeet vun den Truppe wann d'Tuileries géifen ugegraff ginn[10].

D'Fantasië vum Alexandre Dumas sinn interessant, well et déi selwecht sinn, déi en Deel vun der Bevëlkerung an och den Adel an de Jore 1791/1792 haten. Eng Rumeur sot datt den Haff eng Baartelméisnuecht mat der Hëllef vun der Garde géif plangen, an dat den 29. Mee 1792. D'Garde nationale huet d'Garde vum Kinnek beschëllegt, eng Flucht organiséieren ze wëllen. Natierlech huet de Kinnek senger Garde les plus grandes marques d'attention ginn, mä huet sech vis-à-vis vun der Garde nationale net anescht beholl[1]. A Wierklechkeet huet de Louis XVI. un der Éierlechkeet vun den Truppe gezweiwelt, wann d'Tuileries géifen ugegraff ginn[10]. Der Mme Campan no war hien am Géigendeel frou iwwer d'Gefiller, déi dës Trupp animéiert hunn.

De jonke Joachim Murat huet eng wichteg Roll an der Opléisung vun där Garde gespillt, well et war op ee vu senge Rapporten hin, an deem hien op d'géigerevolutionär Aktivitéite vun de Membere vun der Garde higewisen huet, op dee sech d'Entscheedung vun der Opléisung gestäipt huet. De Murat war der Garde den 8. Februar 1792 bäigetrueden an huet de 4. Mäerz nees demissionéiert. Den 29. Mee 1792 huet hie geschriwwen:

Parmi les faits nombreux que je pourrais vous présenter encore, je ne vous en citerai qu'un seul, qui a été dénoncé à votre comité de surveillance par le département du Lot, et qui peut jeter quelque jour sur les intentions perfides des chefs de ce corps ; c'est la proposition faite par M. Descours, lieutenant colonel de la garde à cheval à M. Murat, au moment où ce citoyen donnait sa démission, de joindre les émigrés, en lui disant, pour le séduire, qu'il envoyait 40 louis au fils de M. Cholard, directeur des postes de la ville de Cahors, jeune homme qui venait de se rendre à Coblentz.

De Charles François Dumouriez, deen den 13. Juni zum Krichsminister ernannt ginn ass, war och mat Schold un der Opléisung vun der Konstitutioneller Garde vum Kinnek. Obscho sech de Girardin vill Méi gemaach huet, d'Garde ze verdeegegen, gouf de Rapport vum Claude Basire deen d'Opléisung vun der Garde gefuerdert huet ugeholl, an de Brissac gouf festgeholl. D'Poste vun den Tuileries goufen der Garde nationale iwwerginn.

Zeremonie no der Opléisung vun der Konstitutioneller Garde vum Kinnek änneren

 
Sans-culottes.

D'Garde war an den Ae vun de Sans-culottes une pépinière infernale d'aristocratie qui conspirait pour cimenter par le sang des amis de la liberté l'affreux despotisme. Eng einfach Opléisung ass hinnen net duergaangen a si hunn d'Zaldoten ugegraff, déi d'Schlass verdeedegt hunn[11].

Lors de la cérémonie des émeutiers sont là et la garde nationale doit protéger ses gardes désarmés des extrémistes quand ils sortent du château. Pourtant, ils offraient au Roi de s'en prendre aux Jacobins. Cela aurait été un bataille comme celle d'El Alamo: 1 800 hommes contre au moins 18 000. Mais de tels hommes choisis un à un, souvent parmi les héros de la guerre d'indépendance, bien armés et entraînés auraient peut-être triomphé de ces groupes inorganisés et de ces foules en armes.
Ce jour-là, le Dauphin chez la Reine, avec laquelle il dîne depuis quelque temps, est en colère. Il n'ouvre pas la bouche en public, mais ne se croyant pas obligé à la même discrétion avec ses proches notamment l'abbé d'Avaux, il ne cache pas la peine qu'il éprouve du renvoi de sa garde.[12]

Den Antoine François Bertrand de Molleville huet de Kinnek gebieden, mat 100 Garde bei d'Assemblée ze goen, an dës Gesetzestexter net unzehuelen:

Je viens remplir ce devoir, et vous représenter l'irrégularité du décret qui ordonna le licenciement de ma garde constitutionnelle...[13]. Mä de Louis XVI. war kee Bonaparte !

Den Barnave huet d'Kinnigin ugefleht, de Kinnek dozou ze bréngen, déi nei Garde mat jakobineschen Offizéiert unz'erkennen. Mä den Herrscher huet refuséiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 10. August 1792.

Literatur zum Theema änneren

  • Jean Tulard, Jean-François Fayard, Alfred Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, Robert Laffont, Paräis, 1998.
  • François Grouvel, La Garde constitutionnelle du Roi, dite Garde Brissac, Librairie d'histoire: La révolution.
  • Mareschal de Bièvre (Comte), La Garde constitutionnelle de Louis XVI (1791-1792), P., Carnet de la Sabretache s. d., S. 332 - 502.

Um Spaweck änneren

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Bertrand de Molleville, Antoine-François, Mémoires, S. 153.
  2. Dës Entscheedung hat e renge politeschen Hannergrond. Eeler Zaldoten, déi am Ancien Régime opgewuess sinn, ware manner vun den Iddie vun der Revolutioun ze begeeschteren, sou war op d'mannst d'Meenung vun de Kommandanten, obschonn dat net ëmmer op all Eenzelen zougetraff huet.
  3. Jules Michelet, Histoire de la Révolution française, S. 383.
  4. Barong vu Pont-l'Abbé (1748-1792), bretoneschen Adelegen, Feldmarschall vum Regiment vu Piémont, "Maréchal des Camps et Armées du Roi" 1791, Ritter vum Kinneklechen a militäreschen Uerde vum Saint-Louis, bestuet mat der Duechter a mat der Schwëster vun den zwee Premiers valets vum Kinnek. De Papp war Buergermeeschter zu Versailles. De Barong vu Pont-l'Abbé ass am September 1792 gestuerwen.
  5. An de franséischen Nationalarchiver gëtt et en Index mat Nimm vu Persoune vum M. Robinet aus dem Joer 1954 mat zirka 3.500 Fichen. Den Adolphe Thiers gëtt d'Zuel 1.800 un.
  6. D'Period virun dësem Datum huet nëmme wéineg Nominatiounen zu Rittere vum Saint-Louis kannt. Hir Zuel war onwichteg virun 1814 (3.000 vu 1693 bis Enn 1790), och wann de Jules Michelet vu jusqu'à douze mille chevaliers de Saint-Louis concentrés à Paris schwätzt.
  7. Adolphe Thiers, Histoire de la révolution française, S. 84.
  8. E. Bourassin an Eugène Leliepvre, La Maison Militaire du Roi (1643-1792), "Uniformes" n° 105.
  9. Philippe Sagnac, Ernest Lavisse, Histoire de France contemporaine depuis la révolution jusqu'à la paix de 1919, S. 182.
  10. 10,0 10,1 Jules Simonnet, Essai sur la vie et les ouvrages de Gabriel Peignot, accompagné de pièces de vers inédites, S. 16-17.
  11. Anne-Henri Cabet Dampmartin, Mémoires, S. 27.
  12. Guy de Rambaud, Pour l'amour du Dauphin, S. 98.
  13. Histoire philosophique de la révolution de France, depuis la première Assemblée des notables..., S. 146.