Konstantinuerden

réimesch-kathoulesche Ritteruerden

De Konstantinuerden (Sacro Militare Ordine Costantiniano di San Giorgio, fr: Ordre sacré et militaire constantinien de Saint-Georges) ass e réimesch-kathoulesche Ritteruerden, deen, der mëndlecher Traditioun no, bis op de Keeser Konstantin zeréckgeet. Historesch beluecht ass d'Grënnung tëscht 1522 a 1545.

Konstantinkräiz

Ziler vum Uerden änneren

Ziler vum Uerden, an dee souwuel Damme wéi och Ritter opgeholl ginn, sinn d'Verbreedung vum Glawen an d'Verdeedegung vun der Helleger Kathoulescher Kierch.

Geschicht änneren

Der mëndlecher Traditioun no soll den Uerden am Joer 313 vum Keeser Konstantin gestëft gi sinn. Beluecht ass d'Stëftung duerch en Dokument vum byzantinesche Keeser Isaak II. am Joer 1190, en Dokument wat sech awer als historesch falsch erwisen huet. Den Uerde gouf a Wierklechkeet tëscht 1522 a 1545 gegrënnt.

Den haitegen Zenter vum Uerden ass zu Roum, wou e vum Vatikan als reliéis-militäreschen Uerden unerkannt ass. Et ass deen eenzege kathoulesche Ritteruerde mat engem Groussmeeschtertitel deen an der Famill verierft gëtt.

Aktuelle Groussmeeschter ass de Carlos vu Bourbon-Sizilien.[1]

Hierarchie änneren

Der Uerden huet véier Klassen

  • Grousst Kräiz
  • Komtur
  • Ritter I. Klass
  • Ritter II. Klass

Den Uerden ass staatlech unerkannt a sechs Länner: dem Vatikan, Italien, Spuenien, Holland, Lëtzebuerg[2], den USA a Mexiko.

De Konstantinuerden zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg ass de Konstantinuerden duerch eng Commission royale vertrueden, un där hirer Spëtzt den Istvan Habsburg-Lothringen steet[2].

All Joer den 23. Abrëll, um Namensdag vum hellege Georges, ginn nei Ritter an den Uerden opgeholl[2].

Zu Lëtzebuerg bekannte Membere vum Uerde sinn den

Literatur änneren

  • LuWo, 2012. La Commission royale investit de nouveaux membres. Cérémonie de l'Ordre sacré et militaire Constantinien de Saint Georges. Luxemburger Wort vum 26. Abrëll 2012, S. 22.
  • Gregor Gatscher-Riedl, In hoc signo vinces. Zwischen religiösem Mythos und politischem Anspruch von Byzanz nach Neapel. Die Geschichte des Heiligen Konstantinischen Ritterordens vom Heiligen Georg, Neue Welt Verlag, Vienne 2012, ISBN 978-3-9503061-2-5

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. constantinianorder.org
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Luxemburger Wort vum 24. Abrëll 2012, S. 22.
  3. Artikel vum Konstantinuerden op der franséischer Wikipedia, Versioun vum 28. Abrëll 2012.
  4. Artikel iwwer de Guy de Muyser op der franséischer Wikipedia, Versioun vum 28. Abrëll 2012.