Konstantinos II. vu Griicheland

griichesche Kinnek
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Konstantinos II. vu Griicheland (Griichesch: Κωνσταντίνος Β΄ της Ελλάδας; Konstantínos B tis Elládas), gebuer den 2. Juni 1940 zu Psychiko bei Athen, a gestuerwen den 10. Januar 2023 zu Athen[1], war vum 6. Mäerz 1964 bis den 1. Juni 1973 dee leschte Kinnek vun den Hellenen.

Konstantinos II. vu Griicheland
Gebuer 2. Juni 1940
Athen
Gestuerwen 10. Januar 2023
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Griicheland, Kinnekräich Griicheland, Dänemark
Educatioun Lycée Anávryta,
Universitéit vun Athen,
Universitéit vu Cambridge,
Victoria College,
NATO School
Aktivitéit Monarch, Segler
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee, International Soling Association, Weltseegelfederatioun
Famill
Bestuet mat Anne-Marie vun Dänemark
Papp Paul I.
Mamm Friederike vun Hannover
Geschwëster Sofia vu Griicheland, Irene vu Griicheland
Kanner Alexia vu Griicheland, Paul vu Griicheland, Nikolaos vu Griicheland, Theodora vu Griicheland, Philippos vu Griicheland

Liewen änneren

De Konstantinos war deen eenzege Bouf vum spéidere Kinnek Pavlos (Paul) I. a senger Fra Friederike. Am Zweete Weltkrich war hie mat senger Famill an Egypten an a Südafrika am Exil. 1946, am Kontext vum Griichesche Biergerkrich koumen si hannescht a Griicheland. De Kinnik Georgios II. ass 1947 gestuerwen, sou dass dem Konstantinos säi Papp Paul, dem Georgios säi Brudder, op den Troun koum, an de Konstantinos selwer Krounprënz gouf.

Nom Doud vum Pavlos, am Joer 1964, gouf de Konstantinos Kinnek, an am selweschte Joer huet hie sech mat der Prinzessin Anne Marie vun Dänemak bestuet, mat där en zesumme spéider 5 Kanner hat. Den 21. Abrëll 1967 koum et zu engem Militärputsch, déi de Kinnek, well e soss wéineg Spillraum hat, akzeptéiert huet, wann och ënner der Oplo, datt de gréissten Deel vun de Ministere keng Militär sollte sinn. Den 13. Dezember 1967, no engem mëssléckte Géigeputsch géint d'Colonels-Junta, ass de Konstantinos an d'Ausland geflücht.

Hie blouf (formell) Staatschef, bis d'Colonellen den 1. Juni 1973 d'Monarchie ofgeschaaft hunn. E Referendum, den 29. Juli dat Joer, huet dës Ofschafung confirméiert. Well net sécher war, dass d'Referendumsresultat rechtens zustane komm war, gouf et den 8. Dezember 1974, nom Stuerz vun de Colonellen, widerholl, ma och dës Kéier war d'Majoritéit fir d'Aféiere vun enger Republik. De Konstantinos, deem et net erlaabt gi war, an d'Land ze kommen, fir Campagne fir d'Monarchie ze maachen, huet d'Resultat akzeptéiert.

Hien ass den 10. Januar 2023, no gesondheetleche Problemer, zu Athen gestuewen.

De Konstantinos war och e Sportseegler an Olympionik. 1960 huet hien eng Goldmedail op den Olympesche Summerspiller zu Roum an der Dragon Klass gewonnen. Méi spéit war hiue Member vum Internationalen Olympesche Comité.

Um Spaweck änneren

Commons: Konstantin II. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Früherer griechischer König Konstantin II. im Alter von 82 Jahren verstorben." nzz.ch, 2023-01-10.