De Konkoly-Observatoire (Konkoly Obszervatórium) ass en astronomeschen Observatoire zu Budapest. E gehéiert zu der ungarescher Akademie vun de Wëssenschaften a gëtt och vun hinne bedriwwen.

Loftbild vum Konkoly-Observatoire

Geschicht

änneren

Den Observatoire gouf am Joer 1871 vum adelegen Astronom Miklós Konkoly-Thege als Privatobservatoire gegrënnt an am Joer 1899 un den ungaresche Staat als "éiwege Kaddo un d'Astronomie" vermaach. Den Miklós Konkoly-Thege war eng interessant Perséinlechkeet vum 19. Joerhonnert a gëllt als de Grënner vun der moderner Astronomie an Ungarn. Net ëmsoss ass d'Strooss, déi direkt vum Normafa zum Observatoire féiert, nom Fuerscher, Politiker an Zuchuweiser genannt. "Haut gëllt den Observatoire als Rendez-vous fir Wëssenschaftler, fir kollektiv iwwer Koméiten, Mineralplanéiten, Stären a Liichtquellen z'erfuerschen", seet de László Kiss, Direkter vum Observatoire. Am Joer 1940 gouf am gréissten Doum vun der Anlag, deen iwwer dem groussen Teleskop vum Zeiss steet, souguer e Koméit entdeckt. Den Observatoire war och haaptsächlech um Groussprojet vun der Sond Philae bedeelegt. Déi Sond war déi éischt, déi op engem Koméit mëll gelant war.

Aktuell

änneren

D'Fuerschungsinstitut ëm den Observatoire beschäftegt am Ament ronn 80 Fuerscher, dorënner 50 Astronomen, déi vun Universitéiten oder vu méi klengen Observatoire kommen. Den Observatoire Budapest huet vill international Partnerschaften. Dozou zielt och de Max-Planck-Institut an Däitschland. Weider komme wäertvoll Expertisen aus Holland, Spuenien, Italien, Frankräich, Groussbritannien, Dänemark an Australien. Schlisslech leet den Observatoire och Bachelor- a Masterstudiengäng un der ELTE-Universitéit am Beräich Astronomie. Zanter Mee 2016 ass denObservatoiree och fir d'Ëffentlechkeet zougänglech.[1]

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Archive copy Archivéiert de(n) 29.06.2016. Gekuckt de(n) 07.02.2017.