Moiren sinn déi griichesch Schicksalsgëttine genannt ginn, d'Kanner vun der Nyx (anere Quellen no vum Zeus an der Themis). Den Numm ass vum gr. μοίρες/ Μοίραι ("Moirai") ofgeleet an heescht souvill wéi Undeel, Lous, Schicksal. Et sinn dräi al Fraen:

  • Klotho (d'Spënnerin) mat der Spëndel, déi de Liewensfuedem spënnt
  • Lachesis (déi déi zoudeelt) mit der Schrëftroll, déi d'Liewenslous zoudeelt
  • Atropos (déi net ofzeweisen ass) mat der Schéier, déi de Liewensfuedem ofschneit.
Déi dräi Moiren nom John Strudwick: "A Golden Thread" vun 1885. (Tate Gallery, London)

D'Moire krute grousse Respekt entgéintbruecht a souguer d'Gëtter hate keen Afloss op hir Entscheedungen. Sou kann z. B. och den Zeus net den Doud vu sengem Jong Sarpedon am Kampf géint de Patroklos am Trojanesche Krich verhënneren.

Analogien änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Moirae – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.