D'Klaus vu Kastel-Staadt, déi héich op engem Fiels läit, a vun där een eng impressionnant Vue op d'Saar an op d'Uertschaft Serrig huet, war fréier vun Asiidler bewunnt.

D'Grafkapell widder dem Fiels
D'Grafkapell vu bannen

Wéi dem Jang de Blannen seng Schanken zu Mettlach erëmfonnt goufen, wollt de preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm IV. him e Graf baue loossen, dat dem groussen Herrscher wierdeg wier. De Kinnek huet dunn am Joer 1838 dem Architekt Karl Friedrich Schinkel den Optrag ginn, fir eng Grafkapell fir de Jang de Blannen op der Klaus zu Kastel-Staadt ze bauen.

Vue op d'Saar vun der Klaus aus
D'Grafkapell

Haut läit de Jang de Blannen nees an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg begruewen.

Um Spaweck änneren