Eng klassech Gittar ass en Säiteninstrument.

Eng klassesch Gittar.

D'klassech Gittar besteht aus engem Hals, op deem 22 Benn sinn, enger Kappplack, op där d'Stëmmwierbele fir déi eenzel Säite festgemaach sinn, 6 Säiten an engem Korpus, deen d'Funktioun vun enger Schallkëscht huet. D'Säite sinn aus Nylon a verlafe vun der Kappplack, wou si an d'Mechanik vun de Stëmmwierbelen agestach si bis an d'Mëtt vum Korpus. D'Säite gi mat de Fangeren "ugeschloen", wouduerch se unfänken ze vibréieren. De luesen Toun, dee bei de Vibratiounen entsteet, gëtt duerch d'Schallkëscht verstäerkt, soudatt een en ouni Weideres héiere kann.

Op Concerten a grousse Raim gëtt den Toun allerdéngs mat enger Verstäerkeranlag verstäerkt.

Um Spaweck änneren

Commons: Classical guitars – Biller, Videoen oder Audiodateien