Klangfaarwen ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Jhemp Hoscheit, deen 2012 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an den 1960er Joren. Hien hat als Bouf e speziellen Don: Geräischer vu senger Ëmwelt a Fixkëschten 'opzehuelen' a no enger eegener Systematik ze späicheren, fir se kënnen ofzelauschteren. Sou gëtt seng Klangwelt eng Parallelwelt, déi et him erméiglecht, aus dem heiansdo batteren Alldag an dem Alengsinn erauszekommen. Hie wiisst ouni Papp op, seng Mamm ass dacks net doheem oder vun der Situatioun iwwerfuerdert, an da fënnt hien och nach eraus, datt säi Papp am Prisong sëtzt. Säi Schoulkommerod, de Claude, de Bouf vum Ënnersuchungsriichter, schéngt méi iwwert dem Michel säi Papp ze wëssen …

Soss änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren