De Kirk Lee Hammett, gebuer den 18. November 1962 zu San Francisco, ass de "Lead-Gittarist" vun der Metal-Band Metallica. 2003 koum hien op déi 11. Plaz vun der Rolling-Stone-Lescht vun den 100 beschte Gittariste vun allen Zäiten.

Kirk Hammett
Gebuer 18. November 1962
San Francisco
Nationalitéit USA
Educatioun San Francisco State University
Aktivitéit Gittarist, Lidderschreiwer
Member vun Metallica
De Kirk Hammett zu Wien, 2007

Biographie änneren

De Kirk Hammet gouf als zweet Kand vun enger philippinnescher Mamm an engem iresche Papp gebuer.

Schonn als Kand huet hie sech vill fir d'Rockmusek intresséiert. Säi grousst Virbild war den Jimi Hendrix a sou huet hien am Alter vu 15 Joer ugefaange Gittar ze spillen. Allerdéngs hat hien deemools nëmmen eng Gittar vun niddreger Qualitéit an e klenge Verstäerker. D'Joer drop krut hien eng Fender Stratocaster. De Klang vun dëser Gittar huet him awer och nach net sou richteg gefall an dofir huet hie nach eng Gibson Flying V dobäi kaaft. A gläich drop ee Marshall Verstäerker, grad sou ee wéi dee vu sengem Idol Jimi Hendrix.

1982 huet hie mam Paul Baloff an dem Gary Holt d'Trash-Metal-Band Exodus gegrënnt, déi en awer no engem Joer verlooss huet fir den Dave Mustaine bei Metallica z'ersetzen, dee se do wéinst Alkohol- an Drogeproblemer erausgehäit haten. Am selwechte Joer huet hie mat Metallica den Album Kill 'Em All opgeholl an hien huet, fir seng Technik ze verbesseren, Gittarsstonne beim Joe Satriani geholl.

De Kirk Hammett ass zanterhier Lead-Gittarist bei Metallica a spillt do d'Gittaresoloen, ausser op Nothing Else Matters a Master Of Puppets, wou den James Hetfield se spillt. Hien ass bekannt fir seng séier Tapping-Soloe wéi am One an och fir d'Uwendung vum sougenannte Floyd Rose Tremolo wéi am Solo vu Master Of Puppets. Ausserdeem benotzt hien a bal all Lidd säi Wah-Wah-Effekt. Ee vu senge bekanntste Gittarsriffer ass dee vun Enter Sandman.

Den Hammett ass ausserdeem um Schreiwe vun den Texter a Melodien vun de Metallica-Stécker bedeelegt.

Den Effektpedallbauer Jim Dunlop huet eng Kirk Hammett Signature Wah Pedall op de Maart bruecht, eng Wah-Wah-Pedall, fir déi den Hammett de Klang- a Formdesign gemaach huet.

De Kirk Hammett wunnt mat senger zweeter Fra a sengen zwee Kanner op Hawaii.

Um Spaweck änneren

Commons: Kirk Hammett – Biller, Videoen oder Audiodateien