Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Parkierch vun Ouren, déi den Numm vum Hl. Péiter dréit, läit am Agank vun Ouren, aus Richtung Burg-Reuland.

D'Péiterskierch

Den Tuerm an d'Schëff vun der klenger, aler Kierch, déi haut ënner Denkmalschutz steet, stamen aus dem 12. Joerhonnert. Am 18. Joerhonnert ass en aachteckege Chouer an 1912 d'Sakristei ugebaut ginn. Am Tuerm hänken zwou Klacken aus de Jore 1430 a 1793. Rondrëm d'Kierch läit de Kierfecht mat ale Grafsteng.