D'Kierch zu Siren ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Weiler zum Tuer gehéiert.

Kierch vu Siren

Uertschaft / Plaz Siren
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Architekt(en) Henri Hartmann
Koordinaten 49° 33’ 51.3’’ N
      06° 13’ 11.0’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.

Se steet op der Kiercheplaz (Place de lÉglise).

Geschicht änneren

Si gouf 1846 bis 1849 no Pläng vum Architket Charles Henri Hartmann gebaut. Virbild kéint de Liebfrauendoum zu Tréier gewiescht sinn. Et war dëst eent vun deenen éischten nei-gotesche Gebaier zu Lëtzebuerg.[1] Besonnesch ass um Gebai de quasi quadratesche Grondrëss an den aachteckegen Tuerm, deen an der Mëtt dovun ass.

D'Kierch gouf den 19. Abrëll 1991 als Nationaalt Monument klasséiert.

1996 bis 1998 gouf se duerch den Architekt Jean Petit restauréiert.

Mobiliar änneren

 

Den Haaptretabel, d'Säitenaltär an d'Beichtstill sinn aus der Bauzäit, ëm 1860-1870. D'faarweg Fënstere goufen 1923 vum Atelier Simminger gemaach, d'Rosace ass vum Jakob Schwarzkopf (1926-2001).

Déi barock Statu vum hellege Laurentius ass méi al, si kënnt aus der Kapell, déi ofgerappt gouf, wéi d'Kierch gebaut gouf. De Volleksaltor, an der Mëtt vum Gebai, ass vum Alex Reding.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Siren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 D'Kierch vu Siren op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2010-05-26.