D'Kierch Ruet op der Our steet zesumme mat dem Schlass an dem Kierfecht op engem Fielsvirspronk iwwer der Uertschaft Ruet op der Our.

Kierch St. Peter
vu Ruet op der Our

Uertschaft / Plaz Ruet op der Our
Numm / Patréiner Hl. Péiter
Konsekratioun 1904
Baujoer 12. Joerhonnert
Koordinaten 49° 55’ 33.03’’ N
      06° 13’ 19.94’’ O
De Rueter Männchen

De Rueter Männchen
De Rueter Männchen
Kierchen - Kapellen

Geschicht änneren

D'Kierch staamt aus der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert. Vun den eelsten Deeler ass just nach de Chouer erhalen.

Op den Iwwerreschter vun der ursprénglecher Kierch gouf am 13. Joerhonnert eng dräischëffeg Basilika opgeriicht. 1466 gouf d'Kierch nees ëmgebaut, d'hëlze Gespär gouf mat engem Verwëllef ersat. Genee wéi och zu Iechternach goufe gotesch a romanesch Stilelementer an dësem Bau vermëscht.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Gebai beschiedegt an 1962 restauréiert.

Interessant Elementer änneren

  • Op der Nordsäit steet tëscht der Kierch an dem Kierfecht e stenge Peschtkräiz aus dem Joer 1632.
  • Op der ëstlecher Baussewand ass tëscht der Apsis an dem Haaptchouer de sougenannte Rueter Männchen z'erkennen, eng Figur mat kuerzen erhuewenen Äerm.

Literatur änneren

  • Arnoldi, Josef, 1964. Ordenskirche mit Komturei in Roth an der Our, Krs. Bitburg. Heimatkalender für den Kreis Bitburg, S. 148-152.
  • Dreesen, Josef, 1986. Die Templer-Johanniterordenskirche in Roth. 37 S. Examensarbeit. Holzthum. [D'Aarbecht gouf 1984 bis 1985 geschriwwen, an 1986 op en Neits iwwerschafft]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1981. Die Kirche in Roth. Heimat und Mission Jg. 55, n° 4/5: 73-77. Clairefontaine.
  • Kyll, Nikolaus, 1966. Zur ältesten Kirche in Roth an der Our. Heimatkalender Kreis Bitburg, p. 46-52.

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Ruet op der Our – Biller, Videoen oder Audiodateien