Kierch Rodange

kathoulesch Kierch an der Gemeng Péiteng

D'Kierch vu Rodange ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Péiteng gehéiert.

Kierch vu Rodange

Uertschaft / Plaz Rodange
Par Par Kordall
Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Amalberga
Koordinaten 49° 32’ 45.9’’ N
      05° 50’ 22.3’’ O
Kierchen - Kapellen

Patréinesch ass d'helleg Amalberga, där hiert Fest den 10. Juli gefeiert gëtt.

Si steet op der Kräizung vun der Rue de la Gendarmerie mat der Rue du Commerce, dem CR176.

Klacken

änneren

Am Kierchtuerm hänke véier Klacken, déi 1991 vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg gegoss goufen:

Nr. Numm Duerchmiesser (cm) Gewiicht (kg) Schlagtoun
1 Maria Tréischterin 132 1.350 es'
2 Willibrord 115 1.000 f'
3 Jouseph 104 680 g'
4 Amalberga 88 400 b'

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kierch vu Rodange (2013)
 
D'Récksäit vun der Kierch vu Rodange