D'Kierch vun Näidsen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

Kierch vun Näidsen
Filialkierch vun Näidsen (2014)

Filialkierch vun Näidsen (2014)
Filialkierch vun Näidsen (2014)
Uertschaft / Plaz Näidsen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Lucie
Baujoer 1912
Koordinaten 50° 01’ 43.2’’ N
      06° 03’ 58.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Lucie, där hiert Fest den 13. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Strooss An der Gaass, dem CR343, an der Strooss Iewescht Duerf.

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Munzen, gouf awer grad wéi d'Kierch vu Buckels, déi och zur Munzer Par gehéiert huet, vun Housen aus verwalt. Zur fréierer Par Munzen huet ausser der Filialkierch vun Näidsen och nach d'Parkierch vu Munzen an d'Filialkierch vu Buckels gehéiert.

Literatur änneren

Erpelding, Émile: Die Kapelle von Neidhausen an De Cliärrwer Kanton - Jor 17 (1995), Nr. 1, S. 44-49

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Näidsen – Biller, Videoen oder Audiodateien