De Khaltmaagiin Battulga (Mongolesch: Халтмаагийн Баттулга, gebuer den 3. Mäerz 1963 zu Ulaanbaatar, ass e mongolesche Politiker (Demokratesch Partei). Hien ass zanter dem 10. Juli 2017 President vun der Mongolei. Virdru war hie vun 2004 to 2016 Member vum mongolesche Parlament a vun 2008 bis 2012 Minister fir Stroossebau, Transport, Bauten a Stadentwécklung.

Khaltmaagiin Battulga
Gebuer 3. Mäerz 1963
Ulan Bator
Nationalitéit Mongolei
Aktivitéit Politiker, Samboka, Geschäftspersoun, Kënschtler, Entreprener

Als jonke Mann war hie e Sambo-Ringer; hie war vun 1979-1990 Member vun der mongolescher Sambonationalekipp an huet 1989 d'Weltmeeschterschaft 1989 zu Ulaanbaatar gewonnen. 2006 gouf e President vun der mongolescher Judosfederatioun.

An den 1990er Joren huet hien am Import-Export geschafft, a gouf Proprietär vu verschiddene Firmen, wéi déi privatiséiert goufen (Hoteller, Fleeschfabriken, Taxien, Millen, Night-Cluppen, Lotterien, Bäckereien, asw.). Seng éischt Firma huet hien, als Reverenz un de Film The Godfather, "Genco" genannt.

Resultater am Sport änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.