Kepler-47 ass e Planéitesystem am Stärebild Cygnus. Et besteet aus zwéi Stären an zwéi Planéiten. D'System ass 4900 Liichtjoer vun eis ewech. D'Stären ëmkreese sech géigesäiteg a 7,45 Deeg. D'Planéite goufe mat Hëllef vun der Transitmethod am Joer 2012 vum Weltraumteleskop Kepler entdeckt.

Eng bildlesch Duerstellung vum Planéitesystem

De gréisste vun de béide Stären ass bal sou grous wéi eis Sonn, huet awer nëmme 84 % vun hirer Liichtkraaft, wärend de klengen nëmmen en Drëttel vun der Sonnegréisst an e Véirel vun hirer Liichtkraaft huet.

De bannenzege Planéit Kepler-47 b ëmkreest béid Stären an 49,5 Deeg. Seng Mass ass onbekannt an dofir ass et net kloer, ob et sech ëm ee Gas- oder Gestengsplanéit handelt. Hien huet ongeféier den dräifachen Äerdradius.

Dee baussenzege Planéit Kepler-47 c ass an der habitabler Zon, well hien am Duerchschnëtt 87,5 % vun der vergläichbarer Stralung vun der Äerd vu senge Stäre kritt. Hien ëmkreest si an 303,2 Deeg an ass mat 4,6 Äerdradien eppes méi grouss wéi den Uranus. Seng Mass ass net bekannt. Méiglecherweis ass de Kepler-47 c e Gasris, soudatt op him kee Liewen existéiere kann, datt wier awer op engem ëmkreesende Mound méiglech.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Kepler-47 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren