KFC

US-amerikanesch Fast Food Kette
(Virugeleet vu(n) Kentucky Fried Chicken)

KFC, bis 1991 och als Kentucky Fried Chicken bekannt, ass eng US-amerikanesch Fast-Food-Ketten, déi op frittéierte Poulet spezialiséiert ass. Si huet hire Sëtz zu Louisville am Kentucky an ass no McDonald's, wat de Verkaf betrëfft, déi zweetgréisst Restaurantsketten op der Welt. KFC huet ëm déi 15.000 Restauranten an 120 Länner an Territoiren (Stand: 2015)[1]. Zu Lëtzebuerg ass se net aktiv. D'Mark gehéiert zur Firma Yum! Brands, zu där och Pizza Hut an Taco Bell gehéieren.

Logo vu KFC

KFC ass vum Harland D. Sanders gegrënnt ginn, deen zur Zäit vun der Great Depression an den USA aus sengem Restaurant nieft enger Strooss am Kentucky frittéierte Poulet verkaaft huet. Hien huet d'Potential vum Konzept vun der Restaurantsfranchise erkannt, an 1952 ass déi éischt Kentucky-Fried-Chicken-Franchise am Bundesstaat Utah opgaangen. KFC huet de Poulet an der Fast-Food-Industrie populariséiert, an de Maart diversifizéiert an deem d'Firma d'Dominanz vum deemools etabléierten Hamburger erausgefuerdert huet. Sech selwer huet den Harland als "Colonel Sanders" vermaart an ass esou eng prominent Figur an der amerikanescher Kulturgeschicht ginn. Säi Bild gëtt och haut nach vill an de Reklamme vu KFC benotzt. Trotzdeem huet der Firma hir séier Entwécklung den eelere Sanders iwwerfuerdert, dee se 1964 un Investore verkaaft huet.

E KFC Restaurant am Stuttgarter Quartier Mühlhausen

Als eng vun den éischten amerikanesche Fast-Food-Ketten, déi sech international ausgebreet huet, hat KFC scho Mëtt der 1960er Jore Restauranten a Kanada, Groussbritannien, Mexiko a Jamaika opgemaach. An den 1970er an den 1980er hat d'Entreprise mol méi, mol wéineger Gléck um amerikanesche Maart, wëll hir Besëtzer e puermol gewiesselt hunn a si net all Erfarungen an der Gastronomie haten. 1986 ass KFC u PepsiCo verkaaft ginn. D'Joer drop huet si als éischt westlech Chaîne e Restaurant a China opgemaach, wou si zënterhier staark expandéiert huet. China ass haut de gréissten Eenzelmaart vu KFC. PepsiCo huet seng Restaurantsdivisioun spéider als Tricon Global Restaurants ofgespléckt, déi spéider a Yum! Brands ëmbenannt ginn ass.

Den urspréngleche Produit vu KFC si frittéiert Pouletsstécker, déi mam Sanders sengem Rezept aus 11 Kraider gewierzt sinn. Dat Rezept ass e Betribsgeheimnis. Méi grouss Pouletstécker ginn an engem Kartongseemer zerwéiert, deen e bekannt Element vun der Kette ginn sinn, zënter datt en 1957 vir d'éischt agefouert gouf. Zënter den 1990er ginn och aner Pouletsprodukter an och Zaloten, Bäilagen, Desserten an Erfrëschungsgedrénks zerwéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: KFC – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. YUM! Brands 2015 Joresbericht Gearchiveerd op 2022-03-11. Gekuckt de(n) 2017-09-11.