Kazimierz Kordylewski
De Kazimierz Kordylewski, gebuer den 11. Oktober 1903 zu Poznań, a gestuerwen den 11. Mäerz 1981 zu Kraków, war e polneschen Astronom.
Kazimierz Kordylewski | |
---|---|
Gebuer |
11. Oktober 1903 Poznań |
Gestuerwen |
11. Mäerz 1981 Krakau |
Nationalitéit | Polen |
Educatioun | Jagiellonen-Universitéit |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
De Kordylewski hat 1956 vum Observatoire um Bierg Kasprowy Wierch aus, op de Lagrange-Punkte vum Äerd - Moundsystem, liichtschwaach Formatiounen aus Gas a Stëbs entdeckt, déi haut als Wolleke vum Kordylewski bezeechent ginn. Hir tatsächlech Existenz ass allerdéngs bis haut net sécher.
De Kordylewski hat op der Adam-Mickiewicz-Universitéit Poznań an op der Jagiellonen-Universitéit studéiert an hat am Joer 1932 promovéiert.