Kawasaki Ki-56
D'Kawasaki Ki-56 war e liichte japaneschen Transportfliger, mat zwéi Motoren, deen am Zweete Weltkrich agesat gouf. Vun den Alliéiertee gouf de Fliger Thalia genannt. Tëscht 1940 an 1943 goufen 121 Stéck gebaut.
Et war en Nobau vun der Super Electra, déi vun der Kawasaki Kokuki Kogyo Kabushiki Kaisha virum Krich ënner Lizenz fir d'Japan Airlines gebaut gouf. E puer Stéck goufe vun Tachikawa gebaut.
Technesch Donnéeën
ännerenKi. 56 | |
An Zuelen | |
---|---|
Längt | 15 m |
Héicht | 3,60 m |
Spanwäit | 19,64 m |
Fläch vun den Droflilleken |
51,20 m² |
Motoren | 2 Mitsubishi Ha. 25 Stäremotoren (2 × 990 PS) |
Besatzung | 3-4 Mann |
Héchstvitesse | 398 km/h op 3.400 m Héicht |
Maximal Héicht am Déngscht | 7.400 m |
Aktiounsradius | 3.300 km |
Gewiicht eidel | 4.672 kg |
Notzlaascht | 2.400 kg oder 14 Passagéier |
Max. Startgewiicht | 8.024 kg |