Kategorie Diskussioun:Mattbiller

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Les Meloures in Abschnitt Mattbiller

Gudde Moien,

Ech weess net op ech den Eenzege sinn deem et esou geet, mee ech ginn ëmmer dronken, fir et net méi staark auszedrécken, wann ech op bloe Link klicken, vun deem ech unhuelen datt ech dann och en Artikel doriwwer fannen, an ech fannen deen net. Et ass nämlech den Zweck vun esou bloe Linken datt se op en Artikel oder wéinstens e Kapitel an engem Artikel verweisen. Amplaz dovunner ginn ech dann op eng Säit geleet an där dat Wuert emol net virkënnt, geschweiss nach erkläert ass. An dësem Fall dréint et sech ëm de Lemma Mattbiller an der Këschtche vun der Kategorie Mattbiller.

Les Meloures 09:37, 20. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Mattbiller änneren

Gudde Mëtteg,

Vläicht läit et dodrun, datt ech selwer Schachspiller sinn, mais den Zesummenhang tëschent Mattbiller a Schachmatt huet mir kloer genuch geschéngt. Dofir entschëllegen ech mech a mache mech drun, dat am Artikel Schachmatt ze ergänzen.

--Volvox 14:00, 20. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Ech hoffen elo stëmmt alles.

--Volvox 14:12, 20. Mee 2009 (UTC)Äntweren


Remoien,
Jo et ass dacks esou datt Insidere , mengen déi aner misste grad esou gutt Bescheed wësse wéi si. Et ass net deen eenzege Fall op der Wiki.
Wanns de eng Iwwerschrëft ==Mattbiller== am Artikel méchst da kann de Link esou gemaach ginn datt en direkt op dat Kapitel weist. [[Schachmatt#Mattbiller|Matbiller]].
Les Meloures 14:15, 20. Mee 2009 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Mattbiller".