Dës Schrëft ass ëm 800 n. Chr. am Ëmfeld vum Karel de Groussen entstanen. Si gouf virun allem am Klouschter vu Corbie a spéider och am Klouschter St. Martin zu Tours, ënner dem Abt Alkuin vu York, entwéckelt, fir am ganze Fränkesche Räich eng eenheetlech Buch- a Verwaltungsschrëft ze schafen. Si huet Elementer aus den Unzialen an aus der Kursivschrëft an et ass eng einfach a kloer Schrëft. Den "i" huet nach kee Punkt an de "s" ass laang.

Schrëftzuch a karoléngescher Minuskel

Doduerch, datt de Karel de Groussen den anticke Schoul- a Bildungssystem nei beliewe léisst, gouf eng Réckbesënnung op d'Schreiwe mat getrennte Buschtawe staark gefuerdert. D'Karolengesch Minuskel huet sech zanter dem 9. Joerhonnert vun de Schreifzentre vum Karolengerräich, Tours, Reims an Oochen ganz séier ausgebreet.

Um Spaweck

änneren
Commons: Karolengesch Minuskel – Biller, Videoen oder Audiodateien